
01.11.2015
Desen Weekend woren Memberen vum CIS mat den Kolleegen vum CID Centre d'Intervention Dudelange an den R.A.G.T.A.L. fir d'Phase 2 vun hierer Otemschutz Ausbildung.
Den R.A.G.T.A.L. as eng ganz flott Anlag wou Otemschutzträger méi spézifesch op "extrem" Situatiounen am Asaatz vierbereet gin. Desweideren léire mer do den Damp ze "liesen" esou daat mer eventuel Gefohren méi schnell erkennen kennen an gezielt drop réagéiren kennen.